Eis Aufgaben

Feierbekämpfung an technesch Hëllefsleeschtungen

Zu eisen primären Aufgaben gehéiert natierlech d´Beaarbechten vun den typesche Pompjeesasätz. Dozou zielen niewent de Bränn a Verkéiersaccidenter och d´ Retten vu Mënschen an Déieren an Noutlagen.


Persounenhëllef

Eng aner zentral Aufgab vun eis ass och nach de Leit bei medezineschen Problemer erweidert éischt Hëllefsmoossnamen ze leeschten. Fir des Aart vun Urgencen ass dofir eisen First Responder zoustänneg, deen zousätzlech zu den Ambulanzen bei medezinesche Problemer geruff gëtt. 

anerwäertegt sozialt Engagement an Festivitéiten

Niewent den operationellen Aufgaben vun eis spillt natierlech och dat soziaalt Engagement an d´Kollegialitéit eng grouss Roll. Dofir organiséieren mir reegelméisseg Fester, wéi eist traditionellt Buergbrennen, an aner Aktivitéiten fir och eisen Memberen eppes ze bidden.