FACEBOOK

D’ Harespele sinn erëm do!

Les guêpes sont de retour!

 

 

Ëmmer erëm zur waarme Joereszäit tauchen se op a bauen hier Näschter op deenen onméiglechsten Plazen.  Riets ass vun den Harespelen an den Hornissen. Falls dir iergendwou e Nascht fannt, dann panikéiert net! Dat éischt wat ze maachen ass, daat ass d’ Identifizéierung. Handelt et sech ëm Harespelen (respektiv Hornissen) oder ëm Beien (oder Hummelen)? Dëst ass wichteg, well d’ Beie stinn ënner Naturschutz a musse vun engem Imker ewech gemaach ginn. Ausser si stellen eng eminent Gefor duer. Handelt et sech allerdéngs ëm Harespelen oder Hornissen da ginn et e puer Méiglechkeeten: bei kléngen, gutt erreechbaren Näschter kann e selwer probéieren dëst ewech ze maachen, z.B. mat Hëllef vum Gaardeschlauch. Am Handel ass och speziellt Harespelsgëft erhältlech. Gidd awer keng Gefor an, mee rufft léiwer professionell Hëllef am Fall wou Dir iech net traut oder wann et sech ëm e gréissert Nascht handelt oder een Nascht wat sech op enger onzougänglecher Plaz befënnt. D’ Pompjeeë kommen natierlech gär fir ze hëllefen bei Näschter déi eng Gefor duerstellen, duerch hier gréisst, duerch hier Lag oder well sech Kanner oder allergesch Persounen an der Géigend ophalen. Bedenkt just, dass eng Interventioun vun de Pompjeeën mat Käschten an Héicht vun € 120 verbonnen ass. Dëst ass ee Forfaitpräis a gëllt och fir kleng Näschter. D’ Pompjeeë sinn allerdéngs net déi eenzeg déi ee ruffen kann am Fall vun engem Harespel’ s- oder Hornissennascht. Privat Firmen sinn eng gutt Alternativ.

D’ Pompjeeë kommen op Rendez-vous, vun Dënschdes bis Donneschdes tëschent 07:30 – 10:00 Auer Moies an 19:00 – 21:00 Auer Owes, Méindes, esou wéi Freides, tëschent  07:30 – 10:00 Moies. Am akuten Noutfall rufft d’ Pompjeeën iwwer den 112 an se kommen Dag a Nuecht! Falls Dir elo nach Froen hutt oder Hëllef braucht, da rufft un: 36 08 08 oder 26 36 66 1

     

 

            Toujours en haute saison d’été ils réapparaissent et construisent leurs nids à des endroits inconcevables. Il est question des guêpes et des frelons. Si vous trouvez quelque part un nid, alors ne paniquez pas! La première chose à faire est l’identification. S’agit-il de guêpes (respectivement de frelons) ou d’abeilles (ou de bourdons)? Ceci est important, car les abeilles sont protégées et il faut un apiculteur pour les enlever. Sauf si elles constituent un danger imminent. S’il s’agit par contre de guêpes ou de frelons, il existe plusieurs possibilités: concernant les petits nids bien-accessibles, vous pouvez essayer de les éliminer vous-mêmes, p. ex. à l’aide du tuyau d’arrosage. Du poison spécialement conçu contre les guêpes est aussi disponible en commerce. Par contre, ne prenez pas de risques et appeler de l’aide professionnelle dans le cas où vous n’osez pas prendre des mesures vous-mêmes, à cause de la taille du nid ou de l’accès difficile. Les pompiers viennent naturellement volontiers pour vous aider avec des nids constituant un danger, par leur taille, par leur situation ou à cause d’enfants ou de personnes allergiques demeurant à proximité. Cependant, il faut se rendre compte qu’une intervention des pompiers est liée avec des frais à hauteur de € 120. Ceci est un prix forfaitaire, quel que soit la taille du nid. Par contre, les pompiers ne sont pas les seuls à détruire des nids de guêpes ou de frelons. Les sociétés privées constituent une bonne alternative.

Les pompiers viennent sur rendez-vous, de mardi à jeudi entre 07:30 – 10:00 heures le matin et 19:00 – 21:00 heures le soir, le lundi, tout comme le vendredi, entre 07:30 – 10:00 heures le matin. Pour toute urgence imminente appelez les pompiers via le 112 et ils viennent jours et nuits! Si vous avez encore des questions ou vous avez besoin d’aide, alors appelez: 36 08 08 ou 26 36 66 1      

  

 lenks: eng Bei / riets: eng Harespel

à gauche: une abeille / à droite: une guêpe

 

 
 
 
source image: http://www.knockoutpest.com
 

Fiches techniques:


AEDES Megashot
BIOLUX

Autres sociétés:

Rentokil 

Luxpest 

RHS

Presse:

Wort.lu